

Iwwer eis

De Syndicat luxembourgeois des Educateurs/trices Gradué(e)s (SLEG) ass d’Stëmm vun Educateuren an Educatrice gradué(e)s souwéi vu Bacheloren an de sozialen an edukative Wëssenschaften am ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg.
Mir kennen den Alldag vun eisem Beruff, d’Verantwortung, d’Komplexitéit, mee och d’Bedeitung vun eiser Aarbecht mat a fir Mënschen. Genee do setzt de SLEG un. Mir begleeden eis Memberen, lauschteren hinnen no a vertrieden hir Interessen do, wou et drop ukënnt – am Beruff, am Dialog mat den zoustännegen Institutiounen an an de wichtege beruffleche Froen.
Mir setzen eis a fir fair Aarbechtskonditiounen, professionell Unerkennung an de Schutz vun de sozialen a moraleschen Interessi vun eise Memberen.
De SLEG ass un d’CGFP affiliéiert, wat eise Memberen eng staark gewerkschaftlech Verankerung am ëffentlechen Déngscht garantéiert.
De Kommitee
Eis Wäerter
Eis Aarbecht baséiert op kloer definéierte Wäerter, déi eis am Alldag leeden:
-
Solidaritéit – mir stinn zesummen an ënnerstëtzen eis géigesäiteg
-
Respekt – fir Mënschen, Beruffer a verschidde Realitéiten
-
Engagement – fir eng staark a seriö Vertriedung
-
Onofhängegkeet – fräi vu politeschen an ideologeschen Aflëss
-
Kompetenz – duerch Fachwëssen, Erfarung a Verantwortung
_edited_edited.jpg)
Dir wëllt net eleng stoen, mee Deel vun enger staarker, engagéierter Gemeinschaft sinn?
Gitt Member beim SLEG a profitéiert vun enger kompetenter Beruffsvertriedung, engem staarke Reseau an enger kloer héierbarer Stëmm fir Äre Beruff.
Member ka jidderee ginn, deen en unerkannten Diplom als Educateur gradué oder als Bachelor an de sozialen an edukative Wëssenschaften huet an als Fonctionnaire oder Employé de l’État berufflech aktiv ass.
Zesummen si mir méi staark.



